Himalaya: Listen. Learn. Grow.

4.8K Ratings
Open In App
title

Ee Mount, een Theema

radio 100,7

1
Followers
0
Plays
Ee Mount, een Theema

Ee Mount, een Theema

radio 100,7

1
Followers
0
Plays
OVERVIEWEPISODESYOU MAY ALSO LIKE

Details

About Us

De radio 100,7 verdéift all Mount e speziellen Themeberäich. Dës Programm-Schwéierpunkten zéie sech duerch vill Emissiounen a Reportagen a bidden dem Nolauschterer Hannergrondinformatiounen an deels ënnerschiddlech Approchen zum Thema vum Mount.

Latest Episodes

D'Montée an de Fall vum Summer of Love

Wann ee Summer of Love seet, dann denken déi meescht un den Woodstock-Festival, iwwer dee mir scho ganz vill rieds haten, an dee virun 50 Joer organiséiert gouf. Summer of Love ass awer vill méi, wéi dee Festival. En ass scho laang virdru ugaangen, an am Fong sollt domat e Liewensgefill beschriwwe ginn, wéi den Hippie-Mouvement et virun allem zu San Francisco duerch 1960er Jore gelieft huet.

12 MIN2019 SEP 9
Comments
D'Montée an de Fall vum Summer of Love

Woodstock - den Ufank war gemaach!

Aus underground Subkultur gëtt Mainstream Wuer: Woodstock léisst eng Well vu weideren Open-Air-Eventer aus, déi bis haut Musek a Kommerz kombinéiert - op d'mannst bei de grousse Festivalnimm ass dat de Fall. D'Improvisation aus de siechzeger Jore gehéiert der Vergaangenheet un, d'Festivalzeen vun haut ass e reegelrechte Business ginn.

12 MIN2019 SEP 2
Comments
Woodstock - den Ufank war gemaach!

Aus dem Chaos gouf eng Legend

De Woodstock Festival am August 1969, viru 50 Joer: eng Legend gouf gebuer, jo esouguer e Mythos. Mee duerch wat gouf en e Mythos a Legend? Duerch den absolute Chaos, duerchgeknallten Improvisatiounen an eng absolut iwwerfuerdert Organisatioun. Mee dat geet duer, déi dräi Deeg "Love, Peace and Music" op der Wiss zu Bethel sinn eng Legend. Och wann d'Realitéit eng aner war, mat engem risege finanziellen Defizit an deem wuel gréisste Stau, deen d'USA jeemools gesinn hunn. Iwwerleeunge vum Jean Claude Majerus.

14 MIN2019 AUG 26
Comments
Aus dem Chaos gouf eng Legend

Woodstock an en déckt Lach an der Keess

Villes war um Festival improviséiert, d'Fraise si vu Stonn zu Stonn méi héich ginn, an de Bléck an d'Keess verréit den Amateurismus vun den Organisateuren: Woodstock huet offiziell en Defizit vun 1,3 Milliounen Dollar verzeechent. Duerch eng geschéckt Vermaartung konnt dëst Lach no etleche Jore gestoppt ginn - besonnesch Warner Bros., déi kuerzfristeg d'Rechter u Film an Triple-Album kaf haten, ginn als grouss Gewënner bei der Saach eraus.

11 MIN2019 AUG 19
Comments
Woodstock an en déckt Lach an der Keess

Woodstock - déi laang Sich no engem Site

Woodstock war guer net zu Woodstock ... et war e Festival, dee wuel ënner dësem Numm an d'Geschicht agaangen ass, mee dee relative wäit ewechvun där klenger amerikanescher Uertschaft am US Bundesstaat New York iwwer d'Bühn gaangen ass. Grond dofir: zweemol haten d'Organisateuren e Site zougesot kritt, fir d'éischt zu Woodstock selwer, duerno zu Wallkill, eng hallef Autostonn vun do ewech. Béid Kéiere gouf den Accord no Protester vun den Awunner zeréckgezunn. Dat obwuel de Virverkaf scho längst ugefaangen hat - mat Woodstock als Plaz, wou dräi Deeg laang musizéiert sollt ginn. De Fred Medernach kuckt op d'Landkaart an erënnert une Projet, dee ganz idealistesch awer wéineg professionell ugepaakt gouf.

10 MIN2019 AUG 12

Woodstock Ventures - mir organiséieren e Festival

Woodstock - en Numm an aller Mond: mee wie steet als Organisateur hanner dësem Projet an ass Woodstock wierklech d'"Mamm vun alle Festivallen", deen éischte vu senger Zort iwwerhaapt? Iwwer dës Mammefunktioun kann een esou oder esou uerteelen. Woodstock huet ganz kloer alles an de Schied gestallt, wat bis dato a Saache Festival organiséiert gouf a war Inspiratioun fir vill, ganz vill anerer. Deen éischten Open Air war et awer beileiwen net, dee Michael Lang, Artie Kornfeld, Joel Rosenmann an John Roberts an Ugrëff geholl hunn. De Fred Medernach op der Sich, wéi alles mam haut legendäre Festival ugefaangen huet.

9 MIN2019 AUG 5

Trauma Vietnam

Amsüdostasiatesche Konfliktgeet et ëm den Afloss op eng ganz Partie Länner. Déi kommunistesch an déi kapitalistesch Gesellschaftsuerdnung sti sech géntiwwer. D'amerikanesch Populatioun steetpraktesch vereent hanner hirem President Dwight D. Eisenhower, deen Enn de Fofzeger "déi Rout" wollt bremsen. Mee déi un Erfolleg gewinnten amerikanesch Arméi kritt - anescht wéi erwaart - de Géigner net an de Grëff. Doheem an de States wiisst de Widderstand géint den Engagement, och well ëmmer méi jonk Zaldoten hiert d'Liewen an de Kämpf loossen. D'Hippie-Ideologie an d'Géigekulturvum summer of love vun 1967 beaflossen besonnesch déi Jonk enorm. De Pazifismus andeProtest géint de Krich am Vietnam sinn och um Festival zu Woodstock en Uleies. Detailer mam Fred Medernach.

10 MIN2019 JUL 29
Comments
Trauma Vietnam

Black Revolution

Schonn an de fofzeger Jore gëtt et éischt Protester géint déi krass Diskriminéierung vun der schwaarzer Populatioun an de Vereenegte Staaten, e puer Joer duerno stinn Nimm wéi Martin Luther King, MalcolmX an d'Black Panthers fir de Kampfëm Gläichberechtegung. D'USA sinn Enn de Sechzeger wuel nach ëmmer eng gespléckte Natioun wann et ëm Wäiss a Schwaarz geet - mee et fänkt een un openeen zouzegoen, och wann dat e schwéiere Wee ass, voller Obstakelen, am Gesetz, am Alldag a virun allem an de Käpp. Och musikaleschgëtt schwaarz Musekakzeptéiert an eruewert d'Charts. Zu Woodstock iwwerzeegen ë. a. de Richie Havens a Sly and the Family Stone e gréisstendeels wäisse jonkePublikum. De Fred Medernach mat engem Réckbléck.

9 MIN2019 JUL 22
Comments
Black Revolution

1969

D'Joer 1969, ee Joer, wat am Gediechtnes bleift: Woodstock, den éischte Mënsch um Mound, de Vietnam-Krich, de Film "Easy Rider", d'Ufänk vum Internet, den Nordirland-Konflikt oder den Stonewall-Opstand an der Christopher Street zu New York. De Jan Pallach verbrennt sech, d'Schauspillerin Sharon Tate gëtt vu Membere vun der Manson-Family ëmbruecht.

13 MIN2019 JUL 15
Comments
1969

Master in Space

Vu September vun dësem Joer un offréiert d'Uni Lëtzebuerg en neie Studiegank "Master in Space". Matgegrënnt gouf de Master in Space vun der Luxembourg Space Agency, der staatlecher Agence, déi Betriber a Start-uppen aus dem Beräich vun der Weltraumfuerschung finanziell ënnerstëtzt. Den interdisziplinäre Master in Space soll dann och d'Bréck schloen tëschent der Fuerschung an der Ekonomie.

9 MIN2019 JUL 13

success toast
Welcome to Himalaya LearningDozens of podcourses featuring over 100 experts are waiting for you.