Himalaya: Listen. Learn. Grow.

4.8K Ratings
Open In App
title

Zäithistoriker

radio 100,7

1
Followers
0
Plays
Zäithistoriker

Zäithistoriker

radio 100,7

1
Followers
0
Plays
OVERVIEWEPISODESYOU MAY ALSO LIKE

Details

About Us

Wéi gëtt d'Geschicht vun der Interpretatioun beaflosst? De Vincent Artuso, den Denis Scuto an de Jacques Maas analyséiere Schlësselevenementer aus eiser Geschicht: d'Aktualitéit vu gëschter an hir Konsequenzen op d'Aktualitéit vun haut.

Latest Episodes

Dem Dupong säi Verspriechen ...

Gëschter huet e Forum Z vum Lëtzebuerger Zenter fir Zäitgeschicht (C2DH) iwwer d'Geschicht an d'Mémoire vum Holocaust sech zu Mondorf ë. a. mat neie Fuerschungen zur Haltung vum Lëtzebuerger Staat zu de Judden an der Nokrichszäit beschäftegt. Dozou den Zäithistoriker Denis Scuto.

10 MINjust now
Comments
Dem Dupong säi Verspriechen ...

Doudeg Stëmme schale weider

Den däitsche Polizei-Reservebatallioun 101 huet wärend dem Krich, am besate Polen, 38.000 Judden erschoss a 45.000 anerer an d'Vernichtungslagere deportéiert. An de leschte Méint koumen zu Lëtzebuerg erëm eng Rei vu Publikatiounen iwwer dës Eenheet eraus. Si dréien sech all ëm eng Fro, déi eis zanter Joerzéngte beschäftegt: hunn déi 14 Lëtzebuerger, déi an deem Polizei-Reservebataillon 101 waren, aktiv u senge Verbriechen deelgeholl? Eng Chronik vum Vincent Artuso.

6 MINjust now
Comments
Doudeg Stëmme schale weider

D'Frae gi wielen

September 1919, ganz genee virun 100 Joer war Lëtzebuerg ganz opgereegt. Fraena Männer musse sech fir d'Zukunft vum Grand-Duché entscheeden. Et ass déi 1. Kéier datt am Land e Referendum organiséiert gëtt, déi 1. Kéier datt d'Fraen an d'Männer iwwer 21 Joer wiele ginn an déi 1. Kéier datt si eng politesch anekonomesch Decisioun - Unioun mat der Belsch oder mat Frankräich - den 28. September mussen treffen. Wéi huet déi parteiesch Press vun deemools d'Argumenter vun de Politiker an der Chamber a vuFeministinne virugeleet? Wat gouf iwwert déi politesch Gläichheet an den Zeitungen ausgeriicht?

9 MINjust now
Comments
D'Frae gi wielen

Am politeschen Exil zu Paräis (1915-1918)

Grad esou wéi d'Schwieregkeet fir aus dem Exil d'Verbindung ze hale mam Heemechtsland, aus deem ee geflücht ass, sief et wéinst Krich oder politescher Verfollgung. Dëse Constat gëllt och fir déi Lëtzebuerger Komiteeënan Associatiounen, déi sech zu Paräis am Éischte Weltkrich forméiert haten, fir déi vill fräiwëlleg Lëtzebuergermateriell a moralesch ze ënnerstëtzen, déi sech bereet erkläert hu bei Krichsausbroch am August 1914 op Säite vun Frankräich ze kämpfen. Den Zäithistoriker Jacques Maas mat Hannergrënn.

An den Zäite vun der Cholera

No den napoleonesche Kricher huet eng Phas vu Globaliséierung d'Verbreedung vun enger Krankheet aus Asie favoriséiert, d'Cholera. Déi déidlechst Epidemie war déi, déi an de Joren 1865 an 1866 bal zwee Prozent vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung ëmbruecht huet.D'Bekämpfung vun de Cholera-Epidemien huet dozou bäigedroen d'Lëtzebuerger Gesellschaft an de Lëtzebuerger Staat ze moderniséieren. Eng Chronik vum Vincent Artuso.

9 MINjust now
Comments
An den Zäite vun der Cholera

Pandemie, 100 Joer méi spéit

A senger Chronik geetden Zäithistoriker Denis Scuto op d'Vergläicher tëschent Coronavirus a Spuenescher Gripp an.

10 MINjust now
Comments
Pandemie, 100 Joer méi spéit

D'Keeseminnen - En eenzegaartegt Industriemonument

D'Äerzbunkeranlag um Site vun der Terre-Rouge-Schmelz zu Esch ass net nëmmen zanter méi wéi 100 Joer eng Landmark vum Hiehler/Grenzer Quartier. Dës "Keeseminnen" erzielen e wichtegt Stéck vun der technologescher a sozialer Geschicht vum Bassin minier. Dozou eng Chronik vun den Historiker Luciano Pagliarini an Heng Clemens, virgedroe vum Denis Scuto.

Esch Terre Rouge

Elo rezent, wou d'Escher Gemeng ArcelorMittal d'Autorisatioun ausgestallt huet fir d'Gebailechkeeten an Anlagen, déi nach bestinn, op der fréierer Terre Rouge Schmelz, op der Escher Grenz, ofzerappen,dëst am Kader vun der Realiséierung vum Urbaniséierungsprojet Rout Lëns,gëtt et op en Neits wichteg, déi Industrie-geschichtlechBedeitung vundeenenerhaleneGebailechkeeten an Anlagen, anhireWäert firde Patrimoineindustrielle vun Esch a vum ganze Minett ervirzehiewen. Där Usiicht ass den Zäithistoriker Jacques Maas, deen eBléck op d'Industrie-geschichtlechBedeitung vun der Schmelz vun Terre Rouge riicht.

12 MINjust now
Comments
Esch Terre Rouge

D'Hongerrevolt vun Esch-Uelzecht

D'Geschichtserzielung huet laang op Kontinuitéit an Eenheet vun der Lëtzebuerger Natioun insistéiert. Den Henri Wehenkel ass awer ee vun deenen Historiker, déi sech fir vergiesse Potenzialitéiten, Genealogien an Evenementer interesséieren. A sengem leschte Buch analyséiert hien d'Geschicht vun der gescheiterter Lëtzebuerger Republik vu 1919.Dobäi erwäänt hien och eng Episod, déi komplett vergiess gi war: d'Escher Hongerrevolt vum 26. November 1918.

7 MINjust now
Comments
D'Hongerrevolt vun Esch-Uelzecht

Déi vergiessen Auslänner, déi d'Land erëm opgebaut hunn

Nom Krich huetLëtzebuerg erëm de Lëtzebuerger gehéiert.D'Auslänner hunn awer eng extrem wichteg Roll an derRekonstruktioun vum Land gespillt. Eng Kategorie vun auslänneschen Aarbechter ass awer gréisstendeels vergiess ginn: déi 5.000 däitsch Krichsgefaangener, déi vun 1945 bis Enn 1947 zu Lëtzebuerg waren. Eng Chronik vum Vincent Artuso.

8 MINjust now

success toast
Welcome to Himalaya LearningDozens of podcourses featuring over 100 experts are waiting for you.